D'Thermodynamik (v. griich.: therme - "Wäermt"; dynamis - "Kraaft") ass en Deelgebitt vun der Physik, dat d'physikalesch Eegenschafte vu makroskopesche Systemer vu Materialien an Energie an deenen hir Zoustänn, Zoustandsännerungen a géigesäiteg Beaflossung ënnersicht.
An der Thermodynamik ginn Ännerunge vun Zoustänn mat Zoustandsgréisste beschriwwen. Dobäi ginn extensiv (ofhängeg vun der Quantitéit vun Deelecher, z. B. Enthalpie , Volumen , Entropie oder Bannenzeg Energie ) an intensiv (onofhängeg vun der Quantitéit vun Deelecher, z. B. spezifesche Volumen a molare Volumen , Drock oder Temperatur ) Zoustandsgréissten definéiert.
Fir Stoffer ze beschreiwe ginn an der Thermodynamik Stoffmodeller definéiert. Déi kënnen op reale Miessunge baséieren (z. B. Damptabell fir Waasser) oder op vereinfachten Unnahmen (z. B. ideale Gas, ideal Flëssegkeet, ideal Léisung)