![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Saturnmound Titan. Fir aner Bedeitunge vum Wuert, kuckt wgl. Titan. |
Titan | |
![]() | |
Entdeckung | |
Entdecker | Christiaan Huygens |
---|---|
Datum vun der Entdeckung | 25. Mäerz 1655 |
Date vum Orbit | |
Distanz zum Saturn | 1.221.830 km |
Exzentrizitéit | 0,0292 |
Ëmlafzäit | 16 Deeg |
Inklinatioun | 0,33° |
Physikalesch Daten | |
Duerchmiesser | 5150 km |
Uewerfläch | 8,3×107 km2 |
Mass | 1,345×1023 kg |
Dicht | 1,88 g/cm3 |
Gravitatioun | 1,35 m/s2 |
Rotatiounsdauer (a sidereschen Deeg) |
16 Deeg |
Fluchtvitesse | 2,6 km/s |
Neigung vun der Achs | 1,942 ° |
Albedo | 0,21 |
Hellegkeet | 8,4m |
Uewerflächentemperatur | 94 K (-179 °C) |
Atmosphär | 94 % Stéckstoff 6 % Methan an Argon Spuere vun organesche Verbindungen |
Atmosphäreschen Drock | 160 kPa |
Den Titan (och Saturn VI) ass mat engem Duerchmiesser vu 5.150 Kilometer de gréisste Mound vum Planéit Saturn, woufir hien nom Gëttergeschlecht vun den Titane genannt gouf. Hien ass nom Ganymed op der Lëscht vun de Mounden an Zwergplanéiten den zweetgréissten am Sonnesystem an deen eenzegen, deen en dichte Gasmantel huet.
Den Titan gouf 1655 vum hollänneschen Astronom Christiaan Huygens entdeckt. Observatioune vun der Äerd a vum Hubble-Weltraumteleskop aus hunn d'Wëssen iwwer den Titan vergréissert, besonnesch awer d'Laanschtflich vun en ettleche Raumsonden zanter 1979 hu vill dozou bäigedroen. Déi informatiivst Biller a Moossdate stame vun der Landung vun der Cassini-Huygens Sond am Joer 2005.
Obschonn d'Uewerflächentemperatur vum Titan vill méi niddreg ass wéi déi vun eiser Äerd, gëllt hie wéinst der dichter, stéckstoffräicher Atmosphär a wéinst der Presenz vu Flëssegkeeten als äerdänlechen Himmelskierper an eisem Sonnesystem. Säi Gasmantel ass op der Uewerfläch ongeféier fënnefmol méi dicht an den Drock ongeféier 50 % méi héich wéi op der Äerd. E besteet haaptsächlech aus Stéckstoff a Kuelewaasserstoffer, souwéi aus Spuere vun aneren organesche Verbindungen. D'Uewerfläch an déi iewescht Schicht vum Mantel sinn aus Äis a Methanhydrat. Dorënner ass méiglecherweis en Äismoundozean mat flëssegem Waasser, obwuel d'Temperaturen do ënner 0 °C leien.
Fir Liewen, dat op Waasser baséiert, kreest de Saturn mat senge Mounden an enger vill ze kaler Ëmlafbunn ëm d'Sonn (baussenzeg der habitabler Zon). Do ass d'Entstoe vu Liewen zimmlech onwarscheinlech, awer Virstufe ginn net ausgeschloss. No neiste Fuerschungsresultater wier och Liewen op der Basis vu kuerzkettege flëssege Kuelewaasserstoffer (z. B. Methan) méiglech.