D'Vereent Natiounen ((en) United Nations oder UN, dacks och als UNO fir United Nations Organization ofgekierzt; (fr) Organisation des Nations unies oder ONU) ass eng global international Organisatioun. Hir wichtegst Ziler sinn et den internationale Fridden ze sécheren, der wirtschaftlecher a sozialer Entwécklung virunzehëllefen an drop Uecht ze ginn, datt d'Mënscherechter agehale ginn.
D'Vereent Natioune versti sech als Mëttelsorganisatioun tëscht de Staaten a schaffen, do wou se gebraucht ginn, aktiv fir méi international Kooperatioun.
2001 kruten d'Vereent Natiounen an hiren deemolege Generalsekretär, de Kofi Annan, de Friddensnobelpräis fir hiren Engagement ëm en internationaalt bessert Versteesdemech an de Fridden an der Welt.