Weltraumteleskop

Weltraumteleskope an hir Asazgebidder

E Weltraumteleskop ass en Teleskop, dat baussenzeg vun Atmosphär vun der Äerd am Weltraum ass. De Weltraum huet dee Virdeel fir d'Teleskopen, datt keng Loftonrou besteet, an datt d'Äerdatmosphär Liicht net filtréiere kann, wouduerch z. B. Fotoen an Direktioun Weltraum méi schaarf gi wéi déi op eiser Äerd.

Meeschtens fléie Weltraumteleskopen an enger Ëmlafbunn ëm eis Äerd, awer zukënfteg Teleskope sollen de Lagrange-Punkt vun der Äerdëmlafbunn besetzen. De SOHO gouf schonn um bannenzege Lagrangepunkt L1 positiounéiert, vun deem aus d'Sonn onënnerbrach observéiert ka ginn. D'Sond fir d'Erfuerschung vun der kosmescher Hannergrondstrahlung WMAP kreest ëm de baussenzege Lagrangepunkt L2. Eng weider Méiglechkeet sinn Ëmlafbunnen ëm d'Sonn wéi beim Spitzer Space Telescope.


Weltraumteleskop

Dodaje.pl - Ogłoszenia lokalne