Wolodymyr Selenskyj | |
---|---|
Pseudonym | Зелёный |
Gebuer | 25. Januar 1978 |
Nationalitéit | Ukrain |
Aktivitéit | Politiker |
De Wolodymyr Oleksandrowytsch Selenskyj, gebuer de 25. Januar 1978 zu Krywyj Rih, dunn an der Ukrainescher SSR, ass en ukrainesche Politiker (Sluha narodu), fréiere Schauspiller an zanter dem 20. Mee 2019 President vun der Ukrain.
De Selenskyi huet Droit studéiert an dono als russesch-sproochege Schauspiller, Synchronspriecher, Dréibuchauteur, Televisiounspresentateur a Filmproduzent geschafft a war 2003 Grënner vum Filmstudio Студія Квартал-95 (Studio Kvartal 95).
Hie war besonnesch beléift an der Televisiounsserie Sluga naroda ("Dinger vum Vollek"), an där en d'Haaptroll vun engem 'einfache' Schoulmeeschter, dee Staatspresident gëtt, gespillt huet. Dës Popularitéit huet mat derzou bäigedroen, dass e bei der Presidentschaftswal 2019 géint den amtéierende President Petro Poroschenko ugetrueden ass an am éischten Tour, den 31. Mäerz 2019, an am zweeten Tour, den 21. Abrëll, mat ronn 73 % vun de Stëmme gewonne huet.
Hien ass zanter 2003 mat der Olena Selenska geb. Kijaschko, bestuet a Papp vun zwee Kanner.
Hie soll dem ukraineschen Oligarch Ihor Kolomojskyj nostoen, fir deem seng Televisiounschaîne 1+1 hie schafft.
Den 2. Juni 2022 huet de Selenskyj sech an enger ëffentlecher Seance iwwer Visiokonferenz an der Chamber un d'Lëtzebuergesch Deputéiert geriicht.[1]