D'Beta Pictoris Beweegungsgrupp ass eng jonk Stäregrupp, deen eng kollektiv Beweegung duerch de Raum souwéi och e kollektiven Urspronk hunn. Dës Grupp ass genannt nom Stär Beta Pictoris.
Well dës Grupp déi notst bei eiser Äerd ass, kënnen d'Astronomen hei interessant Ënnersich maachen. De Stär Beta Pictoris ass bekannt, datt hien eng grouss Scheif aus Gas a Stëbs huet déi méiglecherweis eng protoplanetaresch Scheif ass. Et gëtt och Unzeeche vun engem jonke Gasris beim Stär. E fräischwiewende Planéit gëtt et och an der Beweegungsgrupp, PSO J318.5-22.