E Liichtecho ass eng echoaarteg zäitlech versat Streeung vu Liicht an interstellarem Gas a Stëbs, déi vun engem Stär wärend engem kuerzen Hellegkeetsblëtz, wéi enger Nova oder Supernova, ausgesent gëtt. Déi duerch d'Streeung siichtbar Gas- a Stëbswolleke goufen deelweis vum Stär wärend fréieren Ausbréch ofgestouss oder si Bestanddeel vun der interstellarer Matière. De Liichtecho breet sech vum Observateur aus gesinn konzentresch ronderëm de Stär aus.
Déi éischt Entdeckung vun engem Liichtecho war am Joer 1901 bei der Nova Persei 1901. Besonnesch bekannt gouf de Phenomeen bei engem staarken Hellegkeetsausbroch vun der liichtkräfteger rouder Nova V838 Monocerotis den 1. Januar 2002, déi e staarke Liichtecho ausgeléist huet, deen am Laf vun de Joren ëmmer weider konzentresch no bausse gewandert ass.
Mat Hëllef vu Liichtechoe kënnen
D'Analys vu Liichtechoen ass eréischt mam Asaz vun CCD-Sensoren a groussem Ëmfang méiglech ginn, well déi ëm en ettlech Gréisstenuerdnunge méi liichtempfindlech si wéi fotografesch Techniken. Liichtechoe goufe bis elo ëm Supernovaen, Novaen, Liichtkräfteg Rout Novaen, Liichtkräfteg Blo Verännerlecher, T-Tauri-Stären, souwéi bei Herbig-Haro-Stären nogewisen.