Jugoslawien

'Jugoslawien'
Jugoslavija/Југославија (Serbokroatesch)
Jugoslavija (Sloweenesch)
Југославија (Mazedonesch)

Fändel vu Jugoslawien

Wope vu Jugoslawien

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Serbokroatesch, Sloweenesch, Mazedonesch, Albanesch
Haaptstad: Belgrad
Staatsform:
Fläch: 1918–1941: 247.542
1954–1991: 255.804
1992–2003: 102.350 km²
Bevëlkerung: 1921:11.998.000
1991:23.271.000
2003:10.832.545
Nationalfeierdag: 7. Oktober
Nationalhymn: Hej Sloveni
Wärung: Jugoslaweschen Dinar (YUD)
Zäitzon: UTC +1
Internet TLD: .yu

Jugoslawien (serbokroatesch Југославија/Jugoslavija, sloweenesch Jugoslavija, mazedonesch Југославија, albanesch Jugosllavia, ungaresch Jugoszlávia, wiertlech iwwersat Südslawien) war vun 1918/1929 bis 1992 respektiv 1992 bis 2003 d'Kuerzform vun engem Staatsnumm, deen e puer Staaten a Mëttel- a Südosteuropa bezeechent huet, déi a verschiddener territorialer a politescher Form existéiert hunn.

Ënnerscheede muss een dat kinneklecht, dat haut sougenannt éischt Jugoslawien (1918–1941), dat sozialistescht zweet Jugoslawien (1943/45–1991/92) an d'Bundesrepublik Jugoslawien déi aus Serbien a Montenegro bestanen huet (1992–2003).

Vun 2003 bis 2006 hunn déi verbliwwen Deelrepublike Serbien a Montenegro de Staatebond Serbien a Montenegro forméiert, dee sech am territorialen a vëlkerrechtlechen Ëmfang net vun der Bundesrepublik Jugoslawien ënnerscheet huet.


Jugoslawien

Dodaje.pl - Ogłoszenia lokalne